Login   |   Kontakt   |   Newsletter   |     |  
de  |  fr
WEBSEITE_Headers_Workshops
Workshops

Geschichtenerzählung mit Potty Lotty - abgesagt -annulé
Geschichtenerzählung "E Monster ënnert mengem Bett"

31/10/2022 - 14h30 - 16h (Lesung 30 Minuten, Workshop 60 Minuten)

ANNULÉ!

Ass dat net gemittlech, wann een sech no engem laangen Dag an d'Bett leet, a mam Petzi am Aarm nach enger Guttnuechtgeschicht nolauschtert. D'Luucht geet aus, d'Aen falen zou an dann..... Wat war dann dee Kaméidi ënner mengem Bett? Oh ne, dat wäert jo net e Monster sinn!!


Kommt a lauschtert dem Potty Lotty no wéi hat iech seng eege Geschicht "E Monster ënnert mengem Bett" virliest. Traut iech einfach! A wann dir Loscht hutt, kënn dir jo verkleed kommen. A fir all di Kanner déi selwer wëllen eng Gruselgeschicht erfannen, déi kenne mat hiren Elteren zesumme mam Potty Lotty um Atelier "Gruselgeschichte Würfel selwer bastelen" deelenhuelen.

- Liesung nëmmen op Lëtzebuergesch!
- Workshop op Däitsch, Lëtzebuergesch an Englesch
- Ab 6 Joer
- Workshop nëmmen a Begleedung vun Elteren

Iwwert d'Potty Lotty:

D’Potty Lotty (eigentlech Charlotte Hermione Josphina Bettina Annabella Katarina Clara Peppington genannt) ass an engem klenge Schlass am Norde vun England op d’Welt komm. An zwar: an der Spënnchen! Dat hunn de Lord an d’Lady Peppington awer guer net witzeg fonnt. Och net, dass hat di ganzen Zäit topeg Lidder gesongen huet, an seng Manéieren fuerchtbar waren. Mat 7 Joer, ass d’Potty Lotty dann op Lëtzebuerg an een Internat geschéckt ginn. Mat 19 ass hat a Schottland d’Zeechesprooch vun de Päiperleke studéiere gaangen.
Haut reest hat duerch d'Welt a verdéngt seng Suen an deem hat de Kanner Geschichten erzielt. Am beschte mat enger gudder Taass Téi (mat Mëllech!) an engem leckerem Stéck Kuch (hat ass jo net fir näischt an enger Spënnchen op Welt komm, gel du!).
 

retour

Contact pour les ateliers

Contact musée:
(+352) 26 74 64 25
musee (at) kulturhuef (dot) lu