Login   |   Kontakt   |   Newsletter   |     |  
de  |  fr
Musée

Déi nei Nationalbibliothéik - E Virtrag vum Vera Seitz

12/02/2020 - 19h30 - 20h30

Attraktiv Gebailechkeeten, nei Servicer an natierlech vill, vill Ressourcen - esou presentéiert sech déi nei Nationalbibliothéik um Kierchbierg.

D’Ufäng vun der Nationalbibliothéik ginn op 1798 zeréck. An senger Geschicht huet d‘Nationalbibliothéik oft hire Standuert gewiesselt an ass kontinuéierlech méi grouss ginn. Den Haaptsëtz nierft der Kathedral wor schnell ze kleng an inadequat, esou datt en neit Gebäi ëmmer méi drëngend gouf. No ville Joren Asaz konnt d’Nationalbibliothéik dann den 1. Oktober 2019 de Public endlech an hirem neie Gebai empfänken; e Gebai, dat der duebeler Missioun vun der Nationalbibliothéik als patrimonial an akadeemesch Bibliothéik an hirem immens oppene Charakter gerecht gëtt. Wat fir Missiounen a Visiounen d’Nationalbibliothéik fir séch a seng Lieser fir d‘Zukunft huet an wéi d’Architekten, Bolles+Wilson dëst am neie Gebai ëmgesat hunn, gëtt Dir an dësem Virtrag gewuer. D’Vera Seitz - Responsable vum Service éducatif et médiation culturelle - presentéiert an dësem Virtrag net nëmmen d’Gebai, mee och d’Konzept vun der neier Institutioun.


Sprooch: LU
Fräien Entrée!
Org. Kulturhuef

 

retour

Horaires d'ouverture Musée

Tous les jours 14.00-18.00 heures,
sauf lundi fermé

Contact musée :
(+352) 26 74 64 25
musee (at) kulturhuef (dot) lu