Login   |   Kontakt   |   Newsletter   |     |  
de  |  fr
Musée

Kannerliesung "A WANN ?? ... D'Geschicht vum Fuuss a vum Schleek"

25/05/2022 - 14h15 - 15h

Flott Kannerliesung op Lëtzebuergesch vum a mam Jil Winandy.

A WANN …? D’Geschicht vum Fuuss a vum Schleek

De Fuuss huet net genuch Plaz a sengem Bau. Do begéint en dem Schleek, dee säi klengt Haus iwwerall matschleeft. Zesumme maachen déi zwee en Tour duerch de Bësch an iwwer d’Gewan. Dobäi gesäit de Fuuss, wéi gutt kleng a grouss, lues a séier, ängschtlech a geféierlech Déiere sech zesummen ameséieren a léiert dobäi, datt hie kee Grond huet, d’Flemm ze hunn.

“A wann …?” erzielt d’Geschicht vun Uspréch, déi wuel jiddereen u sech selwer huet. Virun allem awer weist hei de lëschtege Schleek dem traurege Fuuss, datt en am Fong alles huet, wat e brauch.

Präis 5€
Fir Kanner ab 6 Joer

En raison de problèmes techniques, nous ne pouvons actuellement pas proposer de billets via visitmoselle.lu. Réservez vos places sur reservation@kulturhuef.lu et payez tout simplement sur place. Veuillez indiquer votre nom, le nombre de personnes (enfants et adultes) ainsi qu'un numéro de téléphone.

Org. Kulturhuef

retour

Horaires d'ouverture Musée

Tous les jours 14.00-18.00 heures,
sauf lundi fermé

Contact musée :
(+352) 26 74 64 25
musee (at) kulturhuef (dot) lu