Lëtzebuerger Kascht an eiser Lidder
Kommt a verbréngt e gesellegt Zesummesinn ewéi fréier. Et gëtt gesongen, et gëtt giess an e gudde Patt feelt natierlech och net. D’Actioun Lëtzebuergesch presentéiert hiert Lëtzebuerger Lidderbuch an dir kënnt zesumme mat engem Pianist och eng flott Auswiel u musikalesche Lëtzebuerger Klassiker sangen. Fir de gudde Maufel suergt d’Equipe vum Kulturhuef Bistro a proposéiert Iech 2 Plat’en zur Auswiel: eng Kéier Kniddele mat Gréiwen an Äppelkompott (oder eng vegetaresch Optioun) oder Wäinzoossiss mat Moschterzooss, gebootschte Gromperen an Zalot.
Mellt Iech w.e.g. mat ärer Wiel u Plat bis den 21.10.2018 am Kulturhuef Bistro um 26 74 52 66 un.
Präis pro Plat: €14,50
Org. Kulturhuef Bistro an Actioun Lëtzebuergesch
retour