Login   |   Kontakt   |   Newsletter   |     |  
de  |  fr
Bistro

Kannerspektakel Héngerhaut-Geschichten

15/11/2020 - 11h - 11h45

Fir d’éischt spiert een et am ënneschte Réck. Dono krabbelt et gaaanz, gaanz lues laanscht d’Wirbelen de Réck erop, léisst sech kuerz tëscht de Schëllerblieder nidder éier et säi Wee bis an d’Genéck an hannert d’Ouere fënnt. Dacks schläicht et sech och nach iwwert d’Schëlleren d’Aërm erof. Et gëtt mir mol kal, mol waarm dobäi. De Bauch zitt sech e bëssi fäerteresch zesummen, an awer gi méng Ouere grouß op…well et ass jo awer och immens flott, sech esou richteg gutt ze schudderen, gell?

Ee Grujhel- a Gespenstergeschichteprogramm fir den däischteren Hierscht, ausgeduecht an erzielt vum Betsy Dentzer.

Alter: 6+
Erw. 10 EUR, Kanner/Studenten (<26 Joer) 5 EUR | Sprooch: LU | Dauer 40 Min. | Ticketen op www.ticket-regional.lu | Org.: Kulturhuef

retour