Login   |   Kontakt   |   Newsletter   |     |  
de  |  fr
Bistro

D'Geschichteblumm an aner geblimmelt Wierder
Kinderspektakel

20/10/2019 - 11h - 11h45

vum a mam Betsy Dentzer

Do, kuck…dohannen am Eck !
Hues de gesinn?
Do huet de Buedem dach gewibbelt?!
Kuck, kuck!!!

Et kribbelt a krabbelt do an der Äerd…vereenzelt Käre rullen hin an hier
…a lo! …deelt sech de Buedem an et luusst eppes eraus!

Eppes Klenges, Grénges. Et wiisst an d’Luucht…ganz lues awer ëmmer méi héich. Et ass e Still…vun enger Blumm ?

Et klëmmt ëmmer weider a Richtung Sonn an op eemol dauchen op de Säite vun deem Still esou komesch Fatzen op. Do! Se diebelen sech auserneen…et si Blieder!! Et ass eng Planz…sou eng hunn ech nach ni gesinn! Se wiisst a wiisst a wiisst…ech muss de Kapp ganz wäit no hannen hale fir d’Spëtzt nach ze gesinn…an op eemol verschwënnt se… tëscht de Wolleken!

Wat ass dat fir eng Planz?? A firwat wiisst déi esou séier?? A wat mëscht déi do iwwert de Wolleken?
Wann s du op all déi Froen eng Äntwert wëlls kréien…ma da komm a looss der d’Geschicht dozou erzielen!

Ticket Virverkaf: https://www.ticket-regional.lu/

Alter: 4+
max. 25 Kanner
Erw. 10 EUR, Kanner/Studenten (<26 Joer) 5 EUR
Sprooch: LU
Dauer 40 Min.
Org.: Kulturhuef

retour