Login   |   Kontakt   |   Newsletter   |     |  
de  |  fr
Musée

Wantergléck Kannerliesung "Den Hu an dat klengt Gespenst"

01.12.2019 - 15:00 - 15:30

Kommt a bréngt Är lies- a geschichtebegeeschtert kleng Gespenster mat um éischten Adventssonnden a lauschtert dem Renée Weber wéi hatt Iech d’Geschicht vum Hu am Kulturhuef Musée erzielt. Den Entrée ass fir näischt an d’Liesung vun enger hallwer Stonn ass op Lëtzebuergesch a fir Kanner tëschent 4 an 8 Joer.

D’Renée Weber schreift net nëmme Geschichte fir Kanner, mä et illustréiert se och selwer a seng Kannerbicher kennen zu Lëtzebuerg e grousse Succès. Verbréngt e flotten Adventssonnden um Wantergléck am Kulturhuef a verbréngt schéi Momenter an aller Rou a mat vill Freed, wäit ewech vun all Stress.

Keng Reservatioun, deen éischten ass vir.

Kuckt och de komplette Programm vum Wantergléck hei.

Den Hu an dat klengt Gespenst

Et ass däischter ginn am Bësch an domat ass den Hu, en Uhu, lo mol grad er­wächt a mécht sech mat sengem Gejäiz bei aneren Déier, déi nuets schlofe wëllen, awer guer keng Frënn. Dofir flitt hien en Tour bei dat aalt Schlass, wou hien e klengt Gespenst begéint, wat sech bei enger aler Ritterrüstung just langweilt.
Dofir wëllt et mam Hu zesummen an d’Nuecht fléien, an dat klengt Gespenst huet sou villes an der Welt nach ni gesinn a scho guer net vun uewen.
Mä wat dat klengt Gespenst besonnesch kann, weist et méi spéit, wéi et awer ganz opreegend gëtt. Méi wëlle mer awer elo net verroden!

Wantergle?ck_1_back

zurück

Öffnungszeiten Musée

Täglich 14.00-18.00 Uhr, außer montags geschlossen

Kontakt Musée:
(+352) 26 74 64 25
musee (at) kulturhuef (dot) lu