Login   |   Kontakt   |   Newsletter   |     |  
de  |  fr
Musée

Wantergléck Kannerliesung "Bommel"

01.12.2019 - 15:30 - 16:00

Kommt a bréngt Är lies- a geschichtebegeeschtert kleng Schnéibommele mat um éischten Adventssonnden a lauschtert dem Renée Weber wéi hatt Iech d’Geschicht vum Bommel am Kulturhuef Musée erzielt. Den Entrée ass fir näischt an d’Liesung vun enger hallwer Stonn ass op Lëtzebuergesch a fir Kanner tëschent 6 an 10 Joer.

D’Renée Weber schreift net nëmme Geschichte fir Kanner, mä et illustréiert se och selwer a seng Kannerbicher kennen zu Lëtzebuerg e grousse Succès. Verbréngt e flotten Adventssonnden um Wantergléck am Kulturhuef a verbréngt schéi Momenter an aller Rou a mat vill Freed, wäit ewech vun all Stress.

Keng Reservatioun, deen éischten ass vir.

Kuckt och de komplette Programm vum Wantergléck hei.

Bommel

An am schéinste Schnéiwanter 2010 kuckt och schonn de Bommel, e ganz léiwe Kueder, aus dem Schnéikoup eraus. Wéi en do drënner geroden ass, verrode mir hei net. Mä och am Fréijoer erlieft de Bommel ganz intressant Erliefnisser, well beim Weier léiert en e Fësch kennen, an deen erzielt him weider wonnerbar Geschichten. Ob déi all sou ënner Waasser passéiert sinn, dat wäerten d’Kanner da wuel selwer erausfanne kënnen.

Wantergle?ck_1_back

zurück

Öffnungszeiten Musée

Täglich 14.00-18.00 Uhr, außer montags geschlossen

Kontakt Musée:
(+352) 26 74 64 25
musee (at) kulturhuef (dot) lu