Login   |   Kontakt   |   Newsletter   |     |  
de  |  fr
Musée

Kannerliesung "De Schusch an de Bier" an "D'Linn Lynn"

27.05.2022 - 14:15 - 15:00

Flott Kannerliesung op Lëtzebuergesch vum a mam Luc Marteling fir Kanner vun 4 - 8 Joer.

„De Schusch an de Bier" an "D'Linn Lynn"

De räiche Bier keeft sech eng schick Hiel an de Knubberdulles-Bierger. Awer hien traut sengen neien Noperen net: Déi wëlle sécher seng Sue klauen! Vläicht ass et besser, hie baut eng Mauer ronderëm säin Haus. Ma du begéint de Bier dem Schusch, dee sech wonnert, firwat de Bier fräiwëlleg an engem Prisong sëtzt ... Déi flott a léierräich Geschicht vum SaBine Büchner an dem Charlotte Habersack huet de Luc Marteling op Lëtzebuergesch iwwersat.

Nieft dem Schusch an dem Bier kréien d'Kanner awer och d'Linn Lynn virgestallt. D’Lynn ass eng Linn an d’Lynn kann alles sinn: riicht, ronn oder eckeg, liicht, kromm oder geckeg. D’Linn Lynn ass e minimalistescht Buch iwwer d'Méiglechkeete vun engem Stréch, bei deem d'Kanner kënne matroden. Illustréiert gouf dës Parabel op d’Liewe fir Kleng a fir Grouss vum Tom Schartz.

Präis 5€
Fir Kanner vu 4 bis 8 Joer

Aufgrund technischer Probleme, können wir momentan keine Tickets über visitmoselle.lu anbieten. Reservieren Sie ihre Plätze über reservation@kulturhuef.lu und bezahlen Sie ganz einfach vor Ort. Bitte geben Sie Nahme, Anzahl der Personen (Kinder und Erwachsene), sowei eine Telefonnummer an.

Org. Kulturhuef

zurück

Öffnungszeiten Musée

Täglich 14.00-18.00 Uhr, außer montags geschlossen

Kontakt Musée:
(+352) 26 74 64 25
musee (at) kulturhuef (dot) lu