21.04.2021
- 19:30
- 20:30
e Virtrag vum a mam Jeanny Thibo
D’Spillkaarten hu schonn eng ganz laang Traditioun, manner laang an Europa, dofir awer méi laang an den asiatesche Länner. Si sinn d’Spigelbild vun der Gesellschaft aus verschiddenen Epochen a Kulturen, Länner a Kontinenter duerch déi se gaange sinn an déi se markéiert hunn.
Si sinn Amusement, awer och Pedagogik mat de Léierkaarten, an net ze vergiesse „d’Kaarteschloen“ mat Tarot, déi an der italienescher Renaissance eng grouss Roll gespillt hunn. Politesch a satiresch Kaarten an nach vill aner Sujete konnte mat de Spillkaarte verbreet ginn.
Bis et awer esou wäit war datt mat deene Kaarte gespillt gëtt, mat deene mir haut spillen, war et e laange Wee.
Wou kommen se hir, wien huet se erfonnt, wat ass alles ënnerwee geschitt, vill Froen déi nach ëmmer net ganz beäntwert sinn. Mir maachen eis zesummen op de Wee vun enger spannender Geschicht duerch e puer Joerhonnerte Spillkaarten.
Dës Konferenz gëtt och online iwwerdroen um Facebook Site vum Kulturhuef.
Et gëllen d’Hygienesmossname vum Kulturhuef Musée
Mir bieden eis Gäscht och folgend Moossnamen ze respektéieren:
Entrée gratis!
Sprooch: LU
Org. Kulturhuef
zurück
Täglich 14.00-18.00 Uhr, außer montags geschlossen
Kontakt Musée:
(+352) 26 74 64 25
musee (at) kulturhuef (dot) lu