Login   |   Kontakt   |   Newsletter   |     |  
de  |  fr
Kino

Avant Premiere Osten: De Buttek a Präsenz vum Luc Feit

25.11.2019 - 19:00 - 21:00

De Luc Feit muss een a Lëtzebuerg als ee vun deenen aktiivste Acteuren wuel kaum méi virstellen. De Kulturhuef weist dee vun him realiséierte Film "De Buttek" als Avant Premiere am Osten an dat a Präsenz vum Realisateur Feit selwer. Dir kënnt nom Film Är Froe stellen an eng flott Diskussioun féieren.

De Buttek (2D, LU st EN/FR, Fsk tbc, 94 min)

Wéi all Joer luet den Änder, Chef vun der Kett "ALTER NATIVE", seng 7 Mataarbechter op e Chrëschtweekend an. Mee anescht ewéi déi Jore virdrun, huet den Änder schlecht Noriichte fir seng Equipe: hien ass stierweskrank a wëll seng Firma un ee vun hinnen ofginn. Dëse Weekend soll bestëmmen wien dat gëtt. Aus de Mataarbechter gi Konkurrenten. A wann dann och nach säi bis dato onbekannte Jong opdaucht, ginn d'Kaarten nei gemëscht. Wärend d'Aarbechtskollege probéieren sech iwwerall an iwwert jiddwereen e Virdeel ze verschafen, probéiert de Jong dat ganzt Spill iwwerhaapt emol ze verstoen. A wat huet dee louchen Hotelsbesëtzer mat deem Ganzen ze dinn? Ma da schéine Chrëschtdag!

 

zurück

Tarife

8,00 € Erwachsene
7,00 € Kinder bis 14 Jahre, Menschen mit Behinderung
1,50€ Kulturpass
Zuschlag für Filme mit Überlänge ( >125 min) 1€
Zuschlag für Filme in 3D 1,50€

Sondervorstellungen für Schulen, Vereine oder Firmen sind auf Anfrage möglich. Füllen Sie unser Formular "Anmeldung" in der Rubrik "Movie Party" oder "Schulvorstellung" im Agenda aus.