Login   |   Kontakt   |   Newsletter   |     |  
de  |  fr
Kino

Christophe Wagner Retrospektiv mat Eng nei Zäit

09.10.2019 - 20:00 - 22:30

De Christophe Wagner muss een a Lëtzebuerg wuel kaum méi virstellen als ee vun deenen aktiivste Lëtzebuerger Realisateure vun deene leschte Joren. Sou bréngt hien och am Hierscht déi laang erwaarten nei RTL Serie „Capitani“ eraus an dat hëlt de Kulturhuef als Ulooss nach eng Kéier 2 vu senge wuel bekanntste Filmer ze weisen, dat a Präsenz vum Realisateur selwer. Dir kënnt nom Film Är Froe stellen an eng flott Diskussioun féieren.

Foto_1© samsa film, arte?mis productions.  Photographe - Patrick Muller






© samsa film, artémis productions.  Photographe : Patrick Muller

Eng nei Zäit (2D, LU, 100 min)

Februar 1945: De Jules Ternes kënnt aus dem franséische Maquis, wuer e virun der Zwangsrekrutéierung geflücht war, nees heem a säin Éisleker Duerf a wëll säin onbeschwéiert Liewe vu virdrun nees weiderféieren. Mee d'Duerf ass duerch d'Ardennenoffensiv uerg zerstéiert, säi Papp nach net aus der Ëmsiidlung zréck, säi fréiere Patron gouf deportéiert, seng Schwëster Mathilde ass ewell mam Armand, engem lokale Resistenz-Chef, zesummen, an d'Léonie, seng Frëndin, freit zanter kuerzem mat engem aneren, nämlech dem Jong vum Piechter vum Wandhaff...

Source: wikipedia.org

Org. Kulturhuef

zurück

Tarife

8,00 € Erwachsene
7,00 € Kinder bis 14 Jahre, Menschen mit Behinderung
1,50€ Kulturpass
Zuschlag für Filme mit Überlänge ( >125 min) 1€
Zuschlag für Filme in 3D 1,50€

Sondervorstellungen für Schulen, Vereine oder Firmen sind auf Anfrage möglich. Füllen Sie unser Formular "Anmeldung" in der Rubrik "Movie Party" oder "Schulvorstellung" im Agenda aus.